E Samschdeg hate verschidde Medie gemellt, d'US-Sängerin géif sech vun hirem Verlobten trennen. Dat hunn déi zwee elo awer dementéiert.

De Weekend hate verschidde Medie gemellt, datt d'Jennifer Lopez an hire Verlobten, de fréiere Profi-Baseballer Alex Rodríguez, hir Verlobung géifen ophiewen.

E Samschdeg huet d'Koppel awer eng gemeinsam Erklärung publizéiert. Doranner schreiwe si, si géifen den Ament "u verschiddene Saache" schaffen. "All Berichter treffen net zou", heescht et an der Erklärung weider.