De Ralf Moeller ass wéinst senger Akne Schauspiller ginn an net Polizist.

Wéinst senger onrénger Haut ass de Ralf Moeller kee Polizist ginn. Dat huet de Schauspiller am Interview mat der "Augsburger Allgemeinen Zeitung" erzielt.

Hien ass deemno bei der Police duerchgefall well hien ze vill Pickelen hat, esou den 62-Järegen. "Si hu mir gesot, waart nach een halleft Joer an da mell dech nach eng Kéier", gëtt de Schauspiller zitéiert.

Sou laang wollt hien awer net waarden an huet seng Léier als Schwammmeeschter ugefaangen. Doduerch ass hie Bodybuilder ginn. No enger Olympia-Victoire zu Tokio ass hien op ee Casting an d'Bavaria-Studioen zu München gaangen.

E puer Méint méi spéit, krut hien dunn een Uruff fir een Dréi zu Duisburg wat den Ufank vu senger Schauspillkarriär war.