© Jaime Reina / AFP
Enger däitscher Zeitung no wier den Dieter Bohlen dem Sender ze déier ginn.
Den Dieter Bohlen ass bei der nächster DSDS- a Supertalent-Staffel net méi mat dobäi. Dat hat den däitschen RTL d'lescht Woch bekannt ginn.
Zënterhier freet een sech, wat de geneeë Grond dofir ass, wisou vun der nächster Staffel un, eng ganz nei Jury wäert kommen, wisou de Chefjuror net méi mat dobäi ass.
Anscheinend soll et dobäi ëm Sue goen an d'Verhältnis tëscht dem Dieter Bohlen an den anere Jury-Memberen. Dat mellt op d'mannst d'Bild-Zeitung.
Anscheinend wéilt de Sender d'nächst Joer Spuermesuren huelen an dofir och dem Dieter seng Gage kierzen.
Et hätt ee Geheimtreffen tëscht dem Sender, der Produktiounsfirma an dem Dieter Bohlen ginn. An dobäi hätt een dem Dieter Bohlen déi üblech 2,5 Milliounen Euro fir déi nächst Staffel net méi ugebueden. Doropshin hätt de Poptitan refuséiert weider ze maachen, hie soll anscheinend och eng zousätzlech Zomm verlaangt hunn, esou déi däitsch Zeitung.
Den Dieter Bohlen selwer huet sech dozou nach ëmmer net geäussert. Wéi d'Bild-Zeitung weider schreift, soll de Bohlen een Affekot engagéiert hunn, deen iwwerpréiwe géing, ob hien sech géint d'Aus bei DSDS wiere kann. De Vertrag soll zwar ausgelaf sinn, mee et géif wuel ëm Zousoe goen, déi de Sender him gemaach sollen hunn, esou d'Zeitung.