© Daniel Roland / AFP
Honnerte Londoner hunn de Weekend iwwer eng Gedenkplaz besicht, fir dem Sarah Everard, dat bei engem Gewaltverbriechen ëm d'Liewe komm ass, ze gedenken.
Och dem brittesche Prënz William seng Fra, d'Herzogin Kate huet bal onerkannt op der Gedenkplaz Blumme fir déi 33 Joer al Fra néiergeluecht, déi ermort gouf. Hir Visitt war net ugekënnegt ginn.
D'Sarah Everard gouf Ufank Mäerz als vermësst gemellt. Hatt war bei eng Frëndin op Besuch an ass duerno am Däischteren heem getrëppelt. Doheem ass et awer ni ukomm. Hatt gouf méi spéit dout an engem Bësch bei Kent fonnt. Een 48 Joer ale Polizist steet ënner Mordverdacht.
Wéi et aus dem Kensington Palais heescht, ass d'Kate op d'Gedenkplaz gaangen, fir der Famill an dem Sarah säi Respekt ze erweisen. D'Kate kéint sech nach gutt erënneren, wéi et fir hatt war, virun der Hochzäit mam Prënz William, nuets zu London eleng ënnerwee ze sinn.
D'Schicksal vum Sarah Everard huet vill Frae beweegt. De Moment deelen och vill Fraen op Social Media hir Erliefnisser, déi se well um Heemwee gemaach hunn, oder erënnere mam Repost "Text me when you get home XX" un déi ermord Britin.
© Daniel Leal-Olivas / AFP
© DANIEL LEAL-OLIVAS / AFP