An engem Interview zu sengem neie Film huet de Schauspiller erzielt, dass hien nach keng eenzeg Pampers vu sengen 10 Kanner gewiesselt huet.

De bekannten Hollywood-Star Eddie Murphy ass gäre Papp. An der wichtegster Roll vu sengem Liewe geet den 59-Järegen esou richteg op, ëmmerhin ass hien antëscht 10-fache Papp. Ma et gëtt eppes , wat den Eddie Murphy bis haut nach ni gemaach huet. An dat ass Pampers wiesselen!

Really?!

An engem Interview zu sengem neie Film huet de Schauspiller erzielt, dass hien nach keng eenzeg Pampers vu sengen 10 Kanner gewiesselt huet. Dat wier einfach näischt fir hien.

Hien ass deemno der Meenung, dass hie schlecht doranner wier d’Pampers ze wiesselen, an dat wier dem Kand géintiwwer net fair.

Wat seng aktuell Verloobten dozou seet, ass net bekannt.