Dem US-Sender CNN no hätt de Buckhingham Palace eng extern Entreprise ageschalt fir den Uschëllegungen nozegoen.

Kuerz virum ëmstriddenen Interview vum Prënz Harry an der Herzogin Meghan ware Mobbings-Virwërf géint d‘Meghan public ginn. Der brittescher „Times“ no gouf am Oktober 2018 am Buckingham Palace eng Plainte géint d’Meghan gemaach.

Dem US-Sender CNN no hätt de Buckingham Palace eng extern Entreprise ageschalt fir den Uschëllegungen nozegoen. Konkret geet et ëm zwou perséinlech Assistentinne vum Meghan, déi antëscht gekënnegt hunn. Si behaapten, dass d’Meghan si ënner Drock gesat huet, a si richteg fäerdeg gemaach huet. D’Zeitung „Times“ berifft sech dobäi op intern Emailen.

Aus dem Buckingham Palace heescht et, dass een d’Virwërf versicht opzeklären, mee dass een dëst net weider kommentéiere wäert.