© Rich Polk / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Duerch d’Operatioun kéint sech de 34-Järegen endlech nees selwer am Spiegel erkennen. Et hätt säi ganzt Liewe verännert.
Den Elliot Page hat sech am Dezember d’lescht Joer als Transgender geout. Elo ass den „Juno“-Schauspiller ee Schrëtt méi wäit gaangen.
Hien huet sech seng Brëscht ewech maache gelooss. Dat scho wou bekannt ginn ass, dass hien Transgender ass. Fir hie wier d'Operatioun „liewensrettend“ gewiescht. Dat huet hien am Interview mam „Time"-Magasin erzielt. Hien ass iwwerdeems deen éischten Transgender, deen um Cover vum „Time“-Magasin ass.
Duerch d’Operatioun kéint sech de 34-Järegen endlech nees selwer am Spigel erkennen. Et hätt säi ganzt Liewe verännert. Scho mat 9 Joer hat de Schauspiller mat sengem "Ech am falsche Kierper" ze kämpfen.