Déi zwee Bridder an de Papp hunn eng éischte Kéier nom Oprah-Interview matenee geschwat, et wier allerdéngs "net produktiv" gewiescht.

D’Verhältnis tëscht dem brittesche Prënz Harry a sengem Brudder de Prënz William ass de Moment net dat Bescht, an dat schéngt sech och net sou séier ze änneren.

Nom groussen Oprah-Interview hat de Prënz William jo gesot, dass hien d’Gespréich mat sengem Brudder géing sichen. Wéi elo eng Frëndin vum Meghan, d’Telés-Moderatrice Gayle King op der Telé sot, hätt et elo dat éischt Gespréich tëscht de Bridder ginn. Och hätt den Harry antëscht mat sengem Papp geschwat. D’Gespréicher wieren awer „net produktiv“ gewiescht, esou d’Gayle, mee si wiere frou op d’mannst scho mol ee Gespréich gehat ze hunn.