© RICHARD POHLE / POOL / AFP
Dat soll de Prënz William nom Enthüllungs-Interview vum Harry a Meghan beim Oprah gesot hunn.
Vu Rassismus-Virwërf géint déi eege Famill bis hin zu Suicidegedanke war riets. Och dem Harry säi Brudder de Prënz William war Gespréichsthema. Mee ass hien tatsächlech eng Geisel vun der brittescher Monarchie, wéi den Harry dat behaapt?
Wann et no engem Insider aus dem Kinnekshaus geet, ass d'Äntwert eendeiteg: Nee! Him no wier dat zimmlech wäit hiergeholl. De Prënz William soll anscheinend gesot hunn, dass hien net gefaangen ass, esou en Insider géintiwwer der brittescher Zeitung "The Sunday Times". Villméi fillt hien sech senger Famill méi verbonnen an hien hätt seng Roll als Zweeten an der Trounfolge acceptéiert.