© POOL/AFP/File/TOBY MELVILLE
De Prënz huet elo eng Féierungspositioun an enger Startup-Entreprise wou et ëm d'Coache geet.
De brittesche Prënz Harry an d’Herzogin Meghan liewen elo a Kalifornien, wäit fort vun der brittescher Monarchie. A fir een normaalt Liewen ze féieren, gehéiert och een normalen Job dozou. An deen huet den Harry antëscht am Silicon Valley.
Den Harry ass elo „Chief Impact Officer“, hien huet deemno eng Féierungs-Positioun. An zwar bei der Startup-Entreprise “BetterUp”. D’Entreprise versteet sech als eng Aart Coaching-Plattform. Hei kënnen ënner anerem Salariée ganz individuell gecoacht ginn. Mee och Manager kréien Hëllef a Saachen Team-Féierung a Fërderung vun de Mataarbechter.