© AFP / Geoff Robins
Zënter sengem Outing kritt de Schauspiller elo vill méi Offeren.
De Schauspiller Elliot Page huet no sengem Transgender-Outing elo sou vill Succès wéi nach ni. Zënter sengem Outing kritt de Schauspiller elo vill méi Offeren. Dat huet hie géintiwwer der „Time“erzielt.
Dorënner sinn engersäits transspezifesch Projeten, mee och méi einfach „Männer“-Rolle wéi hien se nennt. Hie kann et jiddefalls kaum erwaarden ze schauspilleren, elo wou hien, voll a ganz, deen ass, deen hien ass, an dësem Kierper.