Nach ni wier esou eng héich Zomm fir eng Kaart, déi kee Sportler als Motiv hat, versteet ginn.

D’HipHop-Legend Jay-Z kann sech freeën. Op Insta schreift d‘Entreprise „Goldin Auctions“, dass eng limitéiert Sammelkaart, op där de Rapper an engem groe Kostüm nieft senger Ënnerschrëft ze gesinn ass, fir ëmgerechent ronn 88.800 Euro versteet gouf. Nach ni wier esou eng héich Zomm fir eng Kaart, déi kee Sportler als Motiv hat, versteet ginn.