Den Dieter Bohlen ass schonns bei der Halleffinal vun der aktueller DSDS-Staffel net méi mat dobäi. Dat aus "Krankheets-Grënn".

De Pop-Titan Dieter Bohlen hält elo nach méi fréi bei „Deutschland sucht den Superstar“ op wéi geplangt. Am Fong sollt den Dieter Bohlen déi aktuell Staffel nach fäerdeg maachen. Et war och schonns alles geplangt. Ma elo huet sech den DSDS-Chef-Jurymember kuerzfristeg krank gemellt. Dat bedeit, dass hien dëse Samschdeg schonn, net méi fir d’Halleffinal an der Jury sëtzt. Dat huet den däitschen RTL gëschter wësse gedoen. Wat fir eng Krankheet de Bohlen huet, gouf net matgedeelt. De Bohlen selwer huet sech nach ëmmer net dozou geäussert. Ma et schéngt, wéi wann sech de Bohlen an de Sender, net am Gudde getrennt hätten.