© Rolf Vennenbernd / dpa / AFP
De fréieren DSDS-Sänger war den 9. September 2018 vun engem op deem anere Moment wärend enger Croisière vun Hamburg op New York verschwonnen.
D'Amtsgeriicht vu Passau huet matgedeelt, dass den Daniel Küblböck fir dout erkläert gëtt. De fréieren DSDS-Sänger war am Hierscht 2018 wärend enger Croisière vun engem op deen anere Moment verschwonnen. Iwwerwaachungs-Videoen hate gewisen, dass zum Zäitpunkt wou hie verschwonne war, eng Persoun vu Bord gespronge war. Zënterhier gëllt den 33 Joer ale Museker als vermësst. Eréischt de leschten Oktober war beim Amtsgeriicht Passau eng Demande gestallt ginn, de gebiertege Bayer gutt zwee Joer no sengem Verschwanne fir dout ze erkläeren.