Déi Däitsch Schäfferhënn waren no engem "Bäiss"-Virfall aus dem Wäissen Haus geflunn.

Den Champ an de Major sinn nees zeréck an doriwwer freet sech den US-President Joe Biden. Seng Hënn dierfen nees an d'Wäisst Haus.

Déi Däitsch Schäfferhënn hunn no engem Virfall missten eng Zwangspaus aleeën.

De Grond: de Major, de jéngste vun deenen zwee Hënn, hat ee Geheimdéngscht-Agent liicht verwonnt, well dësen hie wuel erschreckt hat.

Um Privatuwiese vum President Biden zu Delaware goufen d’Manéiere vun den zwee „First Dogs“ elo opgefrëscht. Der Pressespriecherin no, huet dee jéngsten eng zousätzlech Ausbildung kritt. Lo géifen si sech behuelen an dierfem nees am Wäissen Haus rëmlafen.