© Ina Fassbender / POOL / AFP
Wéi verschidden däitsch Zeitunge schreiwen, soll sech den Dieter Bohlen mat RTL, iert en sech krank gemellt huet, hefteg an d’Hoer kritt.
De Pop-Titan Dieter Bohlen huet sech komplett vun DSDS zeréckgezunn, en ass net nëmmen bei der nächster Staffel, mee och net méi bei der aktueller Staffel dobäi. Fir déi lescht Live-Shows, Halleffinale a Finale, gouf elo een Ersatz fonnt.
Den Thomas Gottschalk ersetzt den Dieter Bohlen. Op alle Fall mol fir d’lescht Live-Shows. Dat huet den däitschen RTL en Donneschdeg matgedeelt. De Bohlen hat sech jo fir déi lescht Live-Shows krank gemellt. Der "Bild"-Zeitung no soll sech de Bohlen deemno mat RTL, iert en sech krank gemellt huet, hefteg an d’Hoer kritt hunn. Riets ass vun engem Telefonat wou fatzeg gestridde gouf, an dass de Bohlen nom Telefonat, per Fax wësse gedoen huet, dass hie lo krank ass.
De Pop-Titan huet sech iwwerdeems nach ëmmer net perséinlech an ëffentlech dozou geäussert.