© Ben Gabbe / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Brooklyn a seng Verloobten droe jeeweils deem anere säi Wäissheetszand ëm den Hals.
Wann dat mol kee Libesbeweis ass: de Brooklyn Beckham, Jong vum fréiere Spice Girl Victoria Beckham a Fussballstar David Beckham, deen dréit elo de Wäissheetszand vu senger Verloobten ëm den Hals.
Déi Zwee si jo mega glécklech mateneen a weisen dat och gären op Insta a Co. An déi Zwee hunn elo de Wäissheetszand vum jeeweils anere mat Gold iwwerzéie gelooss. An dee gëllene Wäissheetszand droen se lo ëm den Hals an enger Ketten. Bësse speziell mee mir wësse jo dat d’Staren e bësse speziell sinn, och wat Libesbeweiser ugeet. De Brooklyn Beckham huet iwwregens net manner wéi 5 Tattooen déi eppes mat senger Verloobten ze dinn hunn.
© Screenshot Instagram / nicolaannepeltz