© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Jason Merritt/TERM
Geschwë geet „KUWTK“ op en Enn, mee bis Enn des Joers soll eng nei Serie mam Kardashian-Jenner-Clan ausgestraalt ginn.
Obwuel nach dëst Joer déi lescht Staffel vu „Keeping up with the Kardashians“ op den Ecrane leeft, gesäit een de Kardashian-Jenner-Clan geschwënn nees an enger neier Serie - an zwar méi séier wéi ee mengt.
Nach Enn des Joers soll um „Hulu“-Streamingdéngscht eng nei Serie mam Clan gewise ginn.
Déi weltwäit bekannten, an deelweis och ëmstridde Famill huet ee Vertrag mat Disney an Hulu ënnerschriwwen, fir neie Contenu ze produzéieren. Mee genee Detailer doriwwer, wat dat wäert sinn, wie genee matmécht a wéini se ufänke mat dréinen, ass nach net bekannt.
Am Interview mam „Wall Street Journal“ sot d’Kris Jenner viru kuerzem awer dass een an e puer Méint mat den Dréiaarbechten ufänke wäert. Si wéilten onbedéngt nees alleguerten zesummen dréinen. Weider Detailer goufen awer nach net verroden.