© Pool / AFP / Justin Tallis
De brittesche Prënz gouf elo zum attraktivste Glatzkapp vun der Welt ernannt. Hie schléit domat den Dwayne Johnson a Bruce Willis.
Wann een net méi esou vill Hoer um Kapp huet wéi soss, ass dat fir vill Männer net einfach. Do heescht et bei de meeschte kaschéieren oder verstoppen oder et steet ee ganz einfach zu der Glatz. De Prënz William steet zu senger Glatz an dofir gëtt hien elo „belount“.
De brittesche Prënz gouf elo zum "attraktiivste Glatzkapp vun der Welt" ernannt. Ganzer 17,6 Millioune Mol soll den 38-Järegen am Internet an Artikelen, Blogs a Kommentarer als "sexy" bezeechent gi sinn. An domat schléit de brittesche Prënz souguer Hollywood-Stare wéi de Bruce Willis, Dwayne Johnson oder den Jason Statham.
Eng komplett Glatz huet de Prënz William zwar net, mee uewen a méi no hannen um Kapp, do feelen him halt Hoer. An hie steet och dozou, an dat ass och gutt sou.
Déi brittesch Entreprise "Longevita" huet d'Etüd an Optrag ginn, well et ëmmerhin vill Promie mat Glatzen, oder bal Glatze ginn.