D'Kendall hat an der Vergaangenheet scho méi dacks mat Stalkeren ze kämpfen.

D’Model Kendall Jenner fäert ëm säi Liewen, well et gëtt ee Mann, deen d’Schwëster vum Kim Kardashian anscheinend ëmbrénge wëll.

D’Police vu Los Angeles ass dovunner iwwerzeegt, dass ee 24 Joer ale Mann d’Kendall ëmbrénge wëll. Hie wier queesch duerch déi ganz USA bis op Los Angeles gereest, fir dat 25 Joer aalt Model ze erschéissen.

Wéi den US-Promi-Portal „TMZ“ schreift, wier d’Kendall d’lescht Woch doriwwer informéiert ginn. Dat géif an de Geriichtsënnerlage stoen, déi hinne virleien.

De Verdächtege soll fir e puer Deeg an Psychiatrie ageliwwert gi sinn. Mee d’Police soll d’Kendall well gewarnt hunn, dass hie geschwënn entlooss kéint ginn. D'Kendall huet iwwerdeems säi Sécherheetspersonal opgestockt.

Mee dëse Mann ass net säin eenzege Problem. Eréischt e Sonndeg war op sengem Uwiese matzen an der Nuecht ee plakege Mann a säi Pool gesprongen an huet duerno u senger Fënster geklappt an dem Kendall säin Numm gebläert.