© JIM WATSON / AFP
De Major hat eréischt ee "Behuel-Training" gemaach - elo gouf et awer ee weideren Tëschefall mam Schäferhond vum US-President Joe Biden.
Den US-President Joe Biden huet zwee Hënn, mee ee vun deenen zwee Schäferhënn ass wuel schwéier erzéibar.
Déi Zwee Hënn ware jo well aus dem Wäissen Haus geflunn, well dee jéngste vun hinnen, de Major, ee Geheimdéngscht-Mataarbechter an d’Hand gebass a liicht blesséiert hat.
E puer Woche laang krute si vun engem Hondstrainer hir Manéieren opgefrëscht an duerften d’lescht Woch nees an d’Wäisst Haus. Mee dat alles huet wuel net gehollef.
De jéngste Schäferhond soll nees ee Mataarbechter aus dem Wäissen Haus gebass hunn. Dës Kéier ee Mataarbechter vum Park-Service. Dee wier awer net blesséiert ginn. Ganz sou schlëmm war den Ugrëff vum Hond also wuel net.