© MARK RALSTON / AFP
Déi ganz Welt huet am Februar iwwert d'Doku "Framing Britney Spears" geschwat. Elo erzielt d'Britney selwer wéi dëse Film hatt perséinlech getraff huet.
Den Dokumentatiouns-Film “Framing Britney Spears” weist dat beweegt Liewen an d’Karriär vum Britney Spears. Via Insta huet sech d’Sängerin elo fir déi éischte Kéier zu där Doku vun der “New York Times” geäussert.
D’Britney huet op Insta deemno ee Video vu sech gepost, op deem hatt op ee Song danzt. Dozou schreift hatt, dass hatt zwou Woche laang gekrasch hätt. Zwar hätt hatt d’Doku net a voller Längt gesinn, mee vun deem, wat hatt dovunner gesinn huet, wier et him peinlech a wéi ee Liicht hatt gestallt gëtt.
Scho säi ganzt Liewen hätt et Spekulatiounen iwwert hatt ginn. Et gouf observéiert a verurteelt. Fir hatt wier dat Ganzt net einfach, hatt wier net perfekt, an dat wéilt hatt och guer net. An am Video versicht hatt dat Ganzt wéi et schéngt ewech danzen ze wëllen.