© Alberto PIZZOLI / AFP
Aus Angscht wëll d'Supermodel net méi zu Beverly Hills a sengem Haus wunnen. Dat wéinst Stalkeren a Mordmenacen.
Dem Supermodel Kendall Jenner geet et elo duer. Nodeems hatt mat Stalkeren, Abriecher a Mordmenace geplot ass. huet hatt elo eng Entscheedung getraff. An zwar ass hatt aus sengem eegenen Haus geflücht. Hatt wëll net méi an deem Haus wunnen, wou hatt vun ënner anerem Stalkere belästegt a menacéiert gëtt a gëtt a gouf. Hatt huet d’Haus zu Beverly Hills verlooss a wëll och net méi zeréck.
Ee Mann deen nach aktuell an der Psychiatrie sëtzt, ass queesch duerch d'USA gereest, fir hatt, dem US-Promiportal "TMZ" no ze erschéissen. An een anere Mann hat sech Zougang zu sengem Uwiese verschaf, an ass duerno plakeg a sengem Pool rëmgeschwommen, huet un de Fënstere geklappt a gebläert. D'Kendall soll dee Moment och doheem gewiescht sinn.