De William wëll sech zu de Virwërf äusseren, mee en dierf net an dat fält him anscheinend besonnesch schwéier, esou heescht et.

Anscheinend wéilt sech de brittesche Prënz William gären iwwert de groussen Enthüllungsinterview vu sengem Brudder dem Prënz Harry an der Herzogin Meghan beim Oprah äusseren.

Ma soen dierf hien awer anscheinend näischt. Hie sot jo well virun engem Reporter nom Oprah-Interview, dass déi brittesch Kinneksfamill keng rassistesch Famill wier. Hie géif gär méi Saachen ëffentlech soen. Mee anscheinend muss hien sech op d’Zong bäissen. D’Queen wéilt dat per tout 'intern' reegelen, esou een Insider géintiwer dem US-Weekly Magasinn. Ëffentlech ze konteren, géif der Queen no, just Ueleg op d’Feier géissen an d’Situatioun nach méi komplizéiert maachen.

Dem William géif et awer ëmmer méi schwéier falen, roueg ze bleiwen. Hie wéilt gären sou séier wéi méiglech Stellung zu de Virwërf huelen, esou den Insider.