Um Samschdeg Owend huet den neien DSDS-Juror Thomas Gottschalk net onbedéngt nëmme gutt Wieder iwwer den Ex-Juror Dieter Bohlen fonnt.

An der Finall vun der däitscher Castingshow "Deutschland sucht den Superstar" huet den Ersatz-Moderator vum Dieter Bohlen, den Thomas Gottschalk, seng Zäit an der Live-Show net just genotzt fir iwwer d'Kandidaten ze urteelen.

Wéi et driwwer hiergaangen ass, wat den Dieter Bohlen da wuel momentan a sengem Krankeschäin sou mécht, huet de Gottschalk seng Chance genotzt a lästert doriwwer, dass de Bohlen bestëmmt zu Mallorca setzt an do seng Camp-David-Hiemer sortéiert.