Den US-Rapper ass um Samschdegmoien no enger Iwwerdosis an e New Yorker Spidol ageliwwert ginn.

Verschidden US-Medie mellen, dass de Rapper wuel och en Häerzinfarkt gemaach huet an ëm säi Liewe kämpft. Säin Zoustand soll kritesch sinn. Hie géif op der Intensivstatioun leien.

Seng Doktere wieren sech net sécher ob hien et packe géif, de Schued vun der Iwwerdosis an dem Häerzinfarkt wier grouss.