Ëmmer méi Leit déi de Brad Pitt an d'Angelina Jolie kennen, äusseren sech iwwert de Rousekrich tëscht der fréierer Hollywood-Dramkoppel.

D'Angelina Jolie an de Brad Pitt sinn zënter 2016 getrennt. Si streiden awer nach ëmmer ëm d'Garde vun hire 6 Kanner.

Elo huet sech den Jon Voight, Papp vum Angelina zu Wuert gemellt. Ee Reporter hat hien zu deem ganze Scheedungskrich befrot, u sech wollt de Voight näischt soen. Ma eng kleng Bemierkung gouf et awer. An zwar soll hie gesot hunn, dass de Brad e puer Problemer mat Alkohol gehat soll hunn, an dass hien hofft dass de Brad sech dorëms gemierkt. Hie géif op alle Fall fir hie bieden.

Am Mäerz soll d'Angelina dem Geriicht Beweiser an Ënnerstëtzung fir Zeienaussoen iwwer haislech Gewalt géint hiren Ex virgeluecht hunn. Et géif ëm ee Virfall kuerz virun der Trennung an engem Privatjet goen. De Brad soll den eelste Jong deemools ënner Alkoholafloss physesch a verbal ugaange sinn.

Souwuel den FBI wéi och d'Amt fir Kanner- a Famillienugeleenheeten zu Los Angeles hunn de Fall ënnersicht, sinn awer 2016 zum Schluss komm, dass keng Schrëtter géint de Brad ageleet ginn.

De Maddox soll iwwerdeems am Mäerz well eng Ausso ofginn hunn. Engem Insider no, dee mam Magasinn "US Weekly" geschwat huet, wier seng Ausso zum Nodeel vu sengem Papp gewiescht.