D'Lady Gaga soll déi Zwee anscheinend verkuppelt hunn.

D'Sängerin Adele soll anscheinend eppes mam Hollywood-Schauspiller Bradley Cooper hunn. Dat melle jiddefalls mol US-Medien. D'Sängerin huet sech jo viru kuerzem eréischt scheede gelooss. Elo soll hatt de Bradley daten. An et wier d'Lady Gaga gewiescht, déi di Zwee anscheinend verkuppelt hätt. D'Lady Gaga war jo och dat, wat eppes mam Bradley virun an hannert der Kamera gehat soll hunn an hien sech wuel och dowéinser scheede gelooss huet. Lo ass et anscheinend d'Adele. Confirméiert gouf dat awer net. Et bleift also bis op Weideres beim Gerücht.