© Dimitrios Kambouris / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
2007 ass d'Kim mat "Keeping up with the Kardashians" weltberüümt ginn, elo 2021 ass hatt Milliardärin.
D'Kim Kardashian kann sech iwwert een neien Titel freeën. De Reality-Star huet et an de Club vun de Milliardäre gepackt. Wéi den US-Magasinn „Forbes“ schreift, gëtt dem 40 Joer ale Reality-Star säi Verméigen elo op 1 Milliard US-Dollar geschat.
Säi Verméige krut hatt ënner anerem mat Hëllef vu senge lukrativen Entreprisen "KKW Beauty" a "Skims"-Shapewear a mat de Recetten aus der Reality-Serie „Keeping up with the Kardashians“.