Fir de Shawn Mendes gëtt et no engem Schock-Moment eng gutt News.

Domat hätt de Shawn Mendes wuel net gerechent. D’lescht Woch hate mer jo gemellt, dass beim Sänger a senger Frëndin Camilla Cabello agebrach gouf, wärend déi Zwee souguer doheem waren. D’Täter haten dem Shawn Mendes säin Auto matgoe gelooss.

A genee deen Auto ass elo nees opgedaucht. D’Koppel hätt den Auto virun e puer Deeg geparkt an enger Säitestrooss zu Beverly Hills erëmfonnt, mellt den US-Promiportal "TMZ". Den Zoustand vum Auto wier iwwerraschend gutt gewiescht. Vun den Täter feelt awer weiderhin all Spuer, dofir sinn d’Ermëttlungen nach amgaangen.