D'Paris Hilton hat am Kader vun enger Youtube-Doku ("This is Paris") iwwert seng schlëmm Erliefnisser an der Provo Canyon School geschwat.

D’Paris Hilton huet am US-Bundesstaat Utah fir een neit Gesetz gesuergt. Zesumme mat Politiker a mam Gouverneur vu Utah huet déi 40-Järeg elo ee Gesetzes-Entworf ënnerschriwwen, fir ee bessere Schutz fir Kanner a Jugendlecher, déi an Ariichtunge fir Schwéiererzéibarer ënnerbruecht sinn. D‘Paris hat a senger Jugend selwer Zäit a sou enger Schoul verbruecht, an am Februar ëffentlech gemaach, dass hatt do emotional psychesch a physesch mëssbraucht gouf. Hatt wëll dass dat kengem méi geschitt, an dofir huet hatt sech fir dat Gesetz staark gemaach.