Et ginn nei Erkenntnisser nom schwéieren Autos-Accident vum Golf-Profi Tiger Woods.

D’Ermëttler hunn d’Blackbox vum Tiger Woods sengem accidentéierten Auto ënnersicht. Wéi den US-Promiportal „TMZ“ mellt, war de 45-Järeger mat ze héijer Vitess ënnerwee, wéi hien d’Kontroll vu sengem Auto verluer huet.

Der Police no wier den Auto nach méi séier ginn, wéi dëse vun der Strooss ofkomm ass. De Grond dofir ass allerdéngs onkloer. Et wéisst een net, ob d’Vitess-Erhéijung dorunner louch, dass den Tiger Woods hannert dem Steier vu sech war.

De Sportler wier der Police no keng wierklech Hëllef bei den Ermëttlunge gewiescht, hie géif sech net méi un den Accident erënneren. Alkohol an Drogen hu beim Accident keng Roll gespillt. Hie gëtt och net ugeklot. Hie selwer gouf beim Accident méi schwéier um Been blesséiert.