Säi Cousin war Enn Mäerz vun engem Polizist op oppener Strooss erschoss ginn.

Nom Begriefnis vu sengem Cousin Donovon Lynch huet de Sänger Pharrell Williams op senger Instasäit seng Trauer matgedeelt. Nodeems d’Ermëttlungen nach vill Froen onbeäntwert loossen, huet hien d’Bundesautoritéiten an den USA opgeruff, sech anzeschalten. Eng E-mail un de Parquet fir dee concernéierte Bezierk gouf net direkt beäntwert. De 25 Joer ale Lynch war Enn Mäerz vun engem Polizist op oppener Strooss erschoss ginn. Wat konkret virgefall ass, kann net genee ënnersicht ginn, well zu deem Moment dem Polizist seng Bodycam net ageschalt war.