Virun 2 Joer ass de Samu Haber mat Drogen op enger Party erwëscht ginn. Elo ass d'Urteel gefall. Wéi eng Strof krut de Sänger a wat seet hien dozou?

De Samu Haber vu « Sunrise Avenue » hat d’lescht Joer ëffentlech zouginn, dass hien op enger Party am Summer 2019 a Finnland Droge geholl hat, an hie sech dofir bei engem finnesche Geriicht veräntwerte muss. Elo ass d’Urteel géint den « Voice of Germany » -Coach gefall.

Et war deemno ee gréissere Prozess mat ville weidere finnesche Prominenten. De Samu Haber gouf dann zu enger Geldstrof vu ronn 5.500 Euro verurteelt.

Op senger Instasäit huet de Sänger sech scho virum Urteel ëffentlech dofir bei senge Fans entschëllegt. „Drogen ze huelen wier ee Verbriechen an et wier falsch. Dofir eng Strof ze kréien, wier absolut richteg. Hie wäert doraus léieren“, esou de Samu Haber.

Nom Urteel schreift de Sänger op senger Instasäit, dass hien d’Geldstrof bezuele wäert. Hie wäert ëmmer nees Feeler maachen, awer sou eppes wäert hien net méi maachen. Déi ganz Geschicht wier him bis haut peinlech. Hie warnt seng Fans och virun Drogen. Et sollt ee keng Drogen huelen.