© MANDEL NGAN / AFP
Huet de Luke David Armstrong ee Meedche sexuell mëssbraucht?
D'Vëlos-Legend Lance Armstrong ass de Moment guer net frou. Säi Bouf de Luke David Armstrong kritt nämlech virgeheit ee Meedchen am Joer 2018 op enger Party sexuell mëssbraucht ze hunn.
Deemols war de Luke 18 an dat concernéiert Meedche 16. D’Meedchen huet sech awer eréischt leschten November bei der Police gemellt.
Dem Luke säin Affekot bestreit d’Virwërf. Et hätt sech him no ëm eng Méintelaang Bezéiung tëscht deenen Zwee gehandelt. Si wieren allenzwee mat allem averstan gewiescht, esou heescht et.
D'Ermëttlunge sollen elo Kloerheet schafen.