© Michael Tran / AFP
Vum Reality-TV-Star an d'Politik? Dat huet Caitlyn Jenner elo mat senge Pläng als zukünfteg Gouverneurin vu Kalifornien virgesinn.
Wat huet d'Caitlyn Jenner net alles schonn erreecht. 1976 Gewënnerin vun enger Goldmedaile bei den Olympesche Spiller, dono Reality-TV-Star an der Fernseeserie "Keeping Up With The Kardashians" an aktuell grouss Transgender-Aktivistin. Dee nächste Schrëtt kéint eng Kandidatur fir d'Gouverneursamt am US-Bundesstaat Kalifornien sinn.
Déi 71 Joer al Republikanerin soll scho Kontakt mam Manager vum eemolege President Donald Trump senger Campagne hunn, sou ee republikanesche Pressespriecher.
Domadder géif d'Caitlyn Jenner den aktuellen demokratesche Gouverneur Gavin Newsom bei enger méiglecher Wal am Laf vum Joer erausfuerderen.