Den Hollywood-Star ass grad an der Dominikanescher Republik an der Vakanz a leet do Stroosse brooch. Doriwwer sinn d'Awunner alles anescht wéi frou.

De Schauspiller Vin Diesel mécht sech grad esou richteg onbeléift. Hien ass de Moment mat senger Famill an der Dominikanescher Republik an der Vakanz. An do leeë seng Sécherheetsmesure lauter Stroosse brooch. Säi Sécherheetsteam wier de Leit dohanne géintiwwer extrem aggressiv, a géinge sou maachen, wéi wann hinnen di ganz Stad géif gehéieren, esou heescht et vun den Awunner dohannen.

Fir Ouschteren hätten si z.B mat 6 SUV's d’Stroossen an d’Plage ofgespaart, fir dass de Vin Diesel mat senge Kanner do Vëlo ka fueren. Anscheinend wollt hie just Ouschterkierf un Aarbechter vun der Gemeng verdeelen, dat wier de Grond fir déi ganz Ofspärunge gewiescht. Fir d’Awunner ass et sou oder sou e bëssen nerveg.