Et ass een zimmlech verréckten Tattoo, deen sech d'Grimes do maache gelooss huet. Fir hatt ass et awer éischter ee gewéinlechen Tattoo.

Dass den Tesla a SpaceX-Chef Elon Musk a seng Frëndin a Sängerin Grimes speziell sinn, dat wësse mer. Spéitstens nom ausgewielten Numm vun hirem Bouf, deen een net ausschwätze kann, nämlech X Æ A-Xii.

Elo huet sech d’Grimes ee ganz speziellen Tattoo am Réck maache gelooss an dat op Insta gepoust. De sou genannten „Alien-Tattoo“ verleeft iwwert de ganze Réck. Een Notzer op Insta beschreift et als „Spaghettien déi iwwert de Réck lafen“. Et gesäit een einfach ausgedréckt am Fong lauter hell Fiedem, déi duercherneen iwwert de Réck verlafen.

Maacht iech selwer ee Bild draus:

Ass den Tattoo ze verréckt? Fir d'Grimes wuel éischter ganz normal, mat senger Neigung zum Ongewéinlechen begeeschtert hatt seng Follower an zitt souwuel Fans vun Aliens a vum Iwwernatierleche mat a säi Bann.