© Angela Weiss / AFP
Huet den Usher mat eege kreéierte Geldschäiner an engem Stripclub rëmgeheit?
An den USA gëtt et ee risen Shitstorm fir den Usher.
Eng Stripperin huet sech via Insta nawell ferm iwwert dem Sänger säi Verhalen am Stripclub zu Las Vegas beschweiert.
Deemno hätt d'Stripperin de ganzen Owend fir den Usher gedanzt, an deen hätt als Dank der Dänzerin Fake Dollar-Schäiner ginn. Schäiner mam Usher sengem Kapp drop.
D'Schäiner kann d'Stripperin wuel kaum ëmtauschen, héchstens an der "Bank of Usher".
De Besëtzer vum Club seet allerdéngs, dass dat net stëmme géing wat d'Dänzerin behaapt. Et wieren och e puer richteg Schäiner dobäi gewiescht...