Den Xavier Bettel huet elo och TikTok a säin éischte Video gepost, an dee gouf nawell zolitt gedeelt!

Op TikTok geet zënter en Dënschdeg den Owend ee Video vum Premier Xavier Bettel viral.

E Méindeg schonn gouf dëse Video op TikTok ënnert dem Usernumm "x.bettel" eropgelueden.

An dësem Video gesäit een de Premier, wéi hien d'Corona-Mesuren, déi hie selwer eng Kéier op enger Pressekonferenz presentéiert huet, op eng witzeg Aart a Weis nomécht also lip-synched. De Premier filmt sech am Video selwer, am Privaten.

Kuckt hei de Video:

@x.bettel

My first Tiktok attempt 😂

♬ bleiwt doheem - HELDER FERREIRA

De Video gouf bannent zwee Deeg iwwer 88.000 mol gekuckt, iwwer 2.000 mol gedeelt a krut iwwer 6.600 Likes. (Stand 14.4 um 09h00)

Vill Leit froen sech ob et wierklech dem Premier säin Account, oder ee Fake Account ass.

An tatsächlech, et ass dem Premier säi perséinlechen Account, dat krute mir antëscht op Nofro hin aus dem Staatsministère confirméiert.