D'Schauspillerin huet elo dozou Positioun bezunn.

Et gëtt d'Gerücht dass d'Jennifer Aniston anscheinend ee Kand adoptéiere wéilt.  D'Schauspillerin huet elo awer kloer gestallt, dass dat net stëmmt.

Eng Quell hat géintiwwer den US-Medie behaapt, d’Schauspillerin géif well zënter dem leschte Joer an engem Adoptiounsprozess stiechen.

D’Jennifer wéilt deemno ee Meedchen aus Mexiko adoptéieren.

D’Schauspillerin  sot géintiwwer dem US-Promiportal „TMZ“,  dass hatt an noer Zukunft kee Kand bei sech ophuele wéilt.