De Schauspiller ass sech deemno net mat der Regisseurin a Produzentin eens ginn.

Elo ass bekannt wisou de Regé-Jean Page an der zweeter Staffel vun der Netflix-Serie „Bridgerton“ net méi mat dobäi ass.

Wéi et vum Promi-Portal „Page Six“ heescht, hätt sech de Britt net mat der Regisseurin a Produzentin Shonda Rhimes a sengem Team eenege kënnen. Hie wier net glécklech doriwwer, wat fir seng Roll den Duke Hastings an der zweeter Staffel geplangt war. Hier wier deemno net méi de Mëttelpunkt vun der Show gewiescht.

Dobäi kënnt, dass de Page nom Succès vun der Serie, vill aner interessant Offere krut. Trotz den Differenzen hätt sech de Page am Gudde getrennt, esou heescht et.