De fréiere Basketball-Spiller hat an engem Bijoux-Geschäft ee Mann observéiert, dee Schwieregkeeten hat, säi Verlobungsrank ze bezuelen.

All Dag eppes Guddes maachen – dat hëllt de fréiere Basketball-Spiller Shaquille O’Neal ganz eescht. Hien huet engem Mann, ee ganz spezielle Kaddo gemaach.

De fréieren NBA-Star war viru kuerzem bei engem Bijoutier. An do ass hien op ee jonke Mann opmierksam ginn, dee säi Verlobungsrank ofbezuele wollt. De Shaq huet kuerzerhand seng eege Kreditkaart erausgeholl an huet de Rank ganz bezuelt, sou dass de jonke Mann sech keng Suerge méi maache muss.

Fir d’éischt hat de Mann d’Offer nach refuséiert, huet sech duerno awer iwwerriede gelooss. Den O'Neal wollt de Präis vum Rank net nennen, mee hie sot, fir hien wier dat ee Klacks gewiescht, hie wollt dem Verléiften einfach nëmmen hëllefen.