Ongewéinlech oppen huet de Popstar iwwert säi fréieren Drogekonsum mam GQ-Magasinn geschwat. D'Bezéiung mat senger Fra Hailey huet hie gerett.

Den Justin Bieber huet elo ganz oppen iwwert d’Zäit vu senger Drogen-Ofhängegkeet geschwat. An dat ass scho krass wat hien am GQ-Interview erzielt huet. Hie sot zum Beispill, dass d’Bodyguards nuets a säin Zëmmer komm sinn, fir de Bols ze checken, fir eben ze kucken ob hien nach lieft. Sou schlëmm ass et him medezinesch gaangen.

Hien hätt eng Zäit gehat, wou hien ultra depressiv war, hie war an engem richteg schwaarze Lach, a wollt einfach näischt méi matkréien an huet dowéinst d’Droge geholl.

Eréischt wéi hie mam Hailey zesummekomm ass, ass et d’Bierg erop gaangen an dofir ass hien onendlech dankbar. Hien huet awer och zouginn, dass dat éischt Joer wou hie mam Hailey bestuet war, immens schwéier war, well hie mat senge perséinlechen Dämonen ze kämpfen hat.