Zënter Woche war de Bezéiungsstatus vum Jennifer Lopez an dem Alex Rodriguez de Grond fir vill Schlagzeilen.

Sinn d'Sängerin an de Sporter elo nach verloobt oder scho längst getrennt?

Dass d'Musekerin sech an der läscht ouni säi Verloobungsrank gewisen huet, huet fir zousätzlech Spekulatioune gesuergt.

Elo hunn sech déi Zwee endlech selwer geäussert an hunn hir Trennung confirméiert. D'Verlobung ass domat opgeléist.

Wéi et an engem Statement heescht, deem dem "People"-Magasinn virläit, hätte si realiséiert, dass si besser als Frënn funktionnéieren. Weider heescht et, dass si sech drop freën och esou virunzefueren. Si géifen an Zukunft gemeinsam Projete starten a sech géigesäiteg an hire Karriären ënnerstëtzen.