Beim Begriefnis wäert deemno kee vun de Männer eng Militäruniform unhunn.

E Samschdeg ass a Groussbritannien d’Begriefnis vum brittesche Prënz Philip, der Queen hire Mann, deen d’lescht Woch am Alter vun 99 Joer gestuerwen ass. De Prënz Harry ass dowéinst vun den USA a Groussbritannien gereest.

D’Queen soll den Dresscode iwwerraschend geännert hunn, schreift ënner anerem déi brittesch Zeitung "TheSun". Beim Begriefnis wäert deemno kee vun den insgesamt 30 Gäscht eng Militäruniform unhunn. Warscheinlech wëll d’Queen domat dem Harry d’Schan erspueren, als eenzege Royal nëmmen am schwaarze Kostüm ze kommen. Well nom „Megxit“ huet den Harry all seng militäresch Titele verluer.

An och soss stinn d’Zeeche bis ewell op Harmonie. Den Harry soll mat sengem Brudder dem Prënz William a sengem Papp dem Prënz Charles telefonéiert hunn. Gesinn hunn si sech nach net, well den Harry a Quarantän ass well hien aus den USA agereest ass. Um Begriefnis sollen si sech dann awer perséinlech gesinn.