E Freideg den Owend huet de Schauspiller Damian Lewis den Doud vu senger Fra, der Schauspillerin Helen McCrory annoncéiert.

D’Helen McCrory, bekannt ënner anerem fir d’Rolle vum Narcissa Malfoy an den "Harry Potter"-Filmer, ass am Alter vu 52 Joer u Kriibs gestuerwen. Dat huet hire Mann, den "Homeland"-Schauspiller Damian Lewis e Freideg den Owend op Twitter annoncéiert. D'Actrice wier friddlech doheem gestuerwen no engem heldenhafte Kampf géint Kriibs, esou hire Mann weider.

Nieft hirer Roll an den "Harry Potter"-Filmer hat si och eng vun den Haaptrollen an der brittescher Serie "Peaky Blinders".