Wéi déi brittesch Zeitung „The Sun“ mellt, soll d’Doku ganz einfach „Georgina“ heeschen.

D’Georgina Rodriguez ass dem Welt-Fussballer Cristiano Ronaldo seng Frëndin. Dat kann sech elo sou richteg freeën. Dat 27 Joer aalt Modell kritt nämlech eng eege Reality-Show. Mam Cristiano Ronaldo huet hatt 4 Kanner. Ze erzielen hätt hatt jiddefalls vill.

D’Georgina huet d’Nouvelle vun der Reality-Show selwer op Insta annoncéiert. Deemno soll déi op Netflix lafen. Wéi déi brittesch Zeitung „The Sun“ mellt, soll d’Doku ganz einfach „Georgina“ heeschen. Wéini genee se ulafe wäert, ass nach net bekannt.