© Frazer Harrison / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Geschitt ass de Virfall virun e puer Wochen, wéi d’Hailey aus engem Restaurant komm ass.
Wann ee berüümt ass, gëtt ee vill fotograféiert, et gëtt ee quasi vun de Papparazzie belagert. D’Hailey Bieber, dem Justin Bieber seng Fra, ass dat am Fong gewinnt. Mee ee Fotograf huet et wuel un d’Spëtzt gedriwwen.
Geschitt ass de Virfall virun e puer Wochen, wéi d’Hailey aus engem Restaurant komm ass. Ee Paparazzo huet eng Foto vum Model gemaach, mee net egalwat fir eng. Hie soll d’Hailey ënnert dem Rack fotograféiert hunn. Dat huet de 24 Joer ale Star elo an der Youtube-Talkshow "The Early Late Night Show" mam Dixie D'Amelio erzielt.
Mir schwätzen hei also vun engem sou genannten „Upskirting“-Fall, an dat geet guer net. An den USA ass dat nach net iwwerrall strofbar, hei zu Lëtzebuerg schonn.