© Instagram Screenshot / williherren
D’Hannergrënn vu sengem Doud sinn nach onkloer. D’Police ermëttelt.
De Willi Herren ass dout. Den däitschen Entertainer, Sänger a Schauspiller, deen een aus Serie wéi z.B. „Lindenstrasse“, an aus verschidde Reality-Shows kennt, ass en Dënschdeg de Mëtten dout a senger Wunneng zu Köln fonnt ginn. Hien ass nëmme 45 Joer al ginn.
D’Hannergrënn vu sengem Doud sinn nach onkloer. D’Police ermëttelt. Verschidden däitsch Medie schwätzen iwwerdeems vun enger Iwwerdosis. De Ballermann-Sänger hat jorelaang Problemer mat Alkohol an Drogen.
Aktuell war de Willi Herren an der Sat1-Show „Promis unter Palmen“ ze gesinn. De Sender huet d’Ausstralung vun der Emissioun no sengem Doud elo gestoppt.